Personal: how I’ve been

April 11, 2015
‘you have to fight through some bad days to earn the best days of your life’

Ech weess net wei laang ech schonn amgaang sinn un dësem Post ze schreiwen. Et fällt mir e bëssen schwéier iwwer meng Schwächten hei um de Blog ze schreiwen, well usech gesäit een hei jo éischter déi schéin Säiten vun mengem Liewen. Well ech virun engem gudden hallwen Joer awer ugefang hunn och méi perséinlech Saachen mat eech ze deelen an gesot hunn ech géing eech um Lafenden halen wat meng Gesondheet ugeet (Merci iwwregens un all déi Leit déi geleeëntlech nofroen wei et mir dann antëscht geet), maachen ech dat dann elo.

Déi aktuell Diagnos ass ‘Reizdarm’. Wisou soen ech aktuell? Aktuell well ech mech net well mat där Diagnos offannen. Antëscht (dat Wuert ‘Reizdarm’ ass als éischt Enn Dezember gefall) ginn ech besser domadder eenz, mee ganz éierlech? Nodeem ech déi Diagnos als éischt krut hunn ech als éischt mol gutt gekrasch. Éischtens well ech fannen dass dat sou eng Diagnos ass déi Dokteren ginn wann se sech net méi ze hëllefen wëssen. Fier et anescht ze soen war ech schonn mol einfach enttäuscht an hunn mech gefillt wéi wann d’Dokteren opginn hätten. 2tens awer och well dat menger Meenung no eng onheelbar Krankheet ass/war. Sou. Ab deem Moment hunn ech mech awer e bëssen domat auserneen gesat; sinn reegelméisseg bei mäin Kiné gaang an hunn och ugefang bei eng Psychologin ze goen well dat ganzt och ganz vill mat Stress an mam Ënnerbewosstsinn zesummen hänkt (Bei dësem Deel hunn ech laang iwwerluecht op ech et soll posten oder net –  mee dunn hunn ech mer geduecht, wisou net? Ech muss mech net schummen fir Hëllef gesicht ze hunn, well een deen keng Hëllef sicht kann och keng fannen).

Ech hat eech verzielt dass ech am Oktober operéiert guff –  dat war bis elo mäin allergréissten Hoffnungsschimmer – deen deen awer och am meeschten wéigedoen huet wéi bis kloer war dass et mir guer näischt bruecht huet. Éischter am Géigendeel! Ech war no der Operatioun vill méi schlecht wei virdrun (och wann ech duecht dat wier net méiglech). Meng Verdauung huet absolut verréckt gespillt, ech hunn näischt verdroe, guer näischt. Et ass mer fierkomm dass egal wat ech zou mier geholl hun, genau sou séier war et och erëm raus. Ech hat dem entspriechend also och kaum Kraaft an konnt net wierklech vill ënnerhuelen –  an ech weess bis haut nach net wéi ech et hinkruut hunn meng Examen am Januar ze schreiwen, an och iergendwéi gepackt ze hunn.

Ufank Februar ass mäin Papp dunn mat enger Adress komm vun engem Dokter vun Lille. An opschons ech weess dass mäin Papp et just gutt mengt, an ech him vun Häerzen Dankbar sen fir all di Ënnerstëtzung iwwer dat lescht Joer, war ech am Ufank net sou begeeschtert. Net well ech net well gehollef kréien, mee well ech an deenen leschten 14 Méint bei ech-weess-net-wéifill Dokteren gerannt sinn, déi all eng logesch Erklärung haten, mee vun deenen mir awer am Endeffekt keen gehollef huet. Ech sot dunn ech géing dohinner goen – et ass een homeopatheschen Dokter, well den Recht hunn ech kuerz no menger Op opginn, mee et wär den leschten deen ech géing probéieren. Ech wéilt einfach dann mol kucken wei ech géing selwer domadder eenz ginn. Nach en Grond wisou ech net nee sot war dass mir deen RV just kruten well mäin Papp een kennt deen een kennt, well usech hellt den Dokter keng Patienten méi un.

Enn Februar sinn ech dunn also op Lille gefuer, an hunn dat klengt Hoffnungsgefill rëm gespuert, wat ech am leschten Joer sou oft hat, mee wou ech schlussendlech ëmmer rëm enttäuscht guff. Den Monsieur huet mir, nodeem en mir sot heen kéint mir hëllefen, eng ganz Réi natierlech Mëttelen opgeschriwwen, déi ech lo während 2 Méint schéin brav huelen – och wann et mech zäitweis stéiert ënnert anerem 2 mol den Dach sou net-gutt-schmachend Polver mussen ze drénken. Mee wéi soll et hëllefen wann ech et net konsequent huelen? Also maachen ech dat. Ech huelen déi Saachen also lo zënter gutt engem Mount an am Allgemengen muss ech gestoen dass et mir besser geet.(ech soen ‘gestoen’ well ech mech nach net ganz trauen et ze gleewen). Mee virun 2 Wochen war ech rëm zënter laangem eng Kéier 2 Deeg hannerteneen Owes an d’Staat; eppes wat ech schonn éiweg net méi gemaach hunn.  Natierlech ginn et nach regelméisseg schlecht Deeg wou ech wierklech erëm bëssen verzweiwelen, mee all in all, am Verglach zu virun 4 Méint geet et mer dach awer e bëssen besser. An dass et net vun haut op muer 100% besser gëtt ass mer antëscht och kloer.

 

 

 

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.