Hello Autumn – the boyfriend jeans part I

September 16, 2015

DSC_0988

Wéi d’Blieder am Hannergrond schonn undeiten ass den Summer riwwer an ech sinn zréck zu Bréissel. Ech mengen den Hierscht ass meng léifsten Saison fir mech unzedoen. Nom Summer mécht et richteg Spaass rëm laang Kleeder ze kafen an unzedoen. Ech sinn am Moment och e bëssen vum Schwaarz Wäiss Tripp rof, an probéieren puer nei Faarwen an mäin Schaaf ze kréien.

Ier ech op Bréissel zrek komm sinn war ech an de Pallcenter laanscht fir een Back to School Outfit zesummenzestellen. Ech hunn mech fir eng lässeg Boyfriend Jeans vun Ralph Lauren entscheed mat engem beigen Plover an Hutt. Den Hutt hunn ech mir och direkt kaaft vue que en genau gepasst huet – wat net ëmmer sou einfach ass bei Hitt an mengem Kapp. Wéi ech dunn meng nei Air Max dobäi ugedo hunn an menger Schwëster seng Posch geléint hunn, war den Outfit komplett.

DSC_0831

DSC_0844

DSC_0923

DSC_0927

DSC_0851

DSC_0954

DSC_0873

Nike Air Max Essentials, Ralph Lauren Jeans, River Woods Sweater, Opus Hat, Cambridge Satchel, Vintage Sunnies from NY

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.