Keepers of the Legacy

May 11, 2015

Mier hunn d’Fotoen fir dësen Post schonn virun e puer Wochen gemaach, mee well mäin Kolleg zimlech vill ze dinn hat iwwer déi lescht Wochen, krut ech se réischt gëschter. D’Waarden huet sech awer gelount, fannt der net? 🙂 Iwwregens ass et och een gudden Zäitpunkt fir den Post, well ech een vun mengem Sentinel City Tops unhunn. Sentinel City, déi cool lëtzebuergesch Mark, déi dësen Samschden d’Presentatioun vun hirer neier Kollektioun hunn. D’Event ass am M-Club, also wann der an der Staat sidd, eng gutt Zäit wëllt hunn an di nei Kollektioun wëllt gesinn, dann gitt bis laanscht kucken!

Mäin Outfit ass een typeschen Alldachs Outfit vu mir, sou géingt der mech z.B. beim Ankaafen begéinen.

Converse, Zara ripped Jeans & Shirt, Sentinel City Owl Tank, Vintage Sunnies & Primark Bag

( Fotoen guffen bei an op der Staumauer gemaach)

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.