Coziness

December 9, 2015

IMG_3363

Dezember heescht fir mech leider net nëmmen dass et gläich Chrëschtdag ass mee och dass meng Examen op der Uni ëmmer méi no kommen. D’Chrëschtvakanz ass fir mech Zäit fir ze léieren, wéi och schonn déi lescht Joeren.  Ech duecht also ech géing eech een typeschen Outfit weisen deen an déi Zäit eran passt. Well wann een net vill méi mëscht wéi schlofen, léieren an eesen dann kennt et op éischter Plaatz op de Confort un.

Dat war also d’Iddie wéi ech déi virun 2 Wochen am Pallcenter war an Outifts gesicht hunn fir eech ze weisen. Deste Kéier war ech awer net am Pallcenter selwer op der Sich mee am Four Tools, den Buttek fir déi méi jonk (Young Fashion), ech géing soen fir Läit bis 25. Am Four Tools fannt dier Marken wéi z.B. Bench, G-Star, Cheap Monday, Jack&Jones, Franklin Marshall, mee och nach vill anerer. Grad sou wéi an der Boutique vum Pallcenter ass et och hei sou dass den ënneschten Stack fir Männer ass an deen eeweschten fir Fraen.

Ech hunn mech fir eng Jogging Box vun Rich & Loyal, ee Plover vun Molly Bracken an ee puer faarweg Happy Socks fir et bëssen méi witzeg ze halen. Doheem din ech sou gaer faarweg Strëmp un, fannen dat witzeg.

IMG_3153IMG_3188 IMG_3244 IMG_3274IMG_3162IMG_3315 IMG_3354IMG_3376

Happy Strëmp, Rich&Royal Jogging Box & Molly Bracken Plover via PALLCENTER

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.