Beautiful but cold

January 26, 2016

1

Obwuel de Schnéi an Zwëschenzäit rëm fort ass hunn ech nach mäin Outfit vun een Samschden, wat meng Schwëster an ech nach hikruuten ze shooten ier et gereent huet.

Vläit hutt der jo op mengem Snapchat (@zarabina) gesinn wou ech erzielt hunn dass ech hallef erfruer sinn, well ech ënnert dem Plover schlauerweis just een Top unhat. Wat hellt een net alles an Kaf fir schéin Fotoen ze kréien (meng Jacketten hutt der schonn all x mol gesinn).

Dësen Plover hunn ech an de Solden bei American Vintage ergattert. Usech hunn ech Solden net immens gär, mee an deenen méi klengen Butteker gëtt een dach awer nach heiansdo fündeg! Bei Zara an Co maachen mech Solden just nervös mat deem ganzen Chaos an deenen villen Leit déi sech op alles stierzen. Fir de Recht hunn ech en mat enger Wildleder Jupe aus dem Zara an mengen alen Stiwwelen aus dem Other Stories kombinéiert. Stiwwelen hunn ech mat Strëmp kombinéiert fir den overknees Look – eng gutt Léisung well ech meng nei Overknees net wollt an den déiwen Schnéi undoen. Di kritt déi awer demnächst ze gesinn
3 4

7

2

6

8

TEST

&Other Stories Stiwwelen, H&M tights&socks, Zara Jupe, American Vintage Plover, Parfois Posch

No Comments

Leave a Reply

Deze website gebruikt Akismet om spam te verminderen. Bekijk hoe je reactie-gegevens worden verwerkt.