Wéi ech den Tour duerch de Pallcenter gemaach hunn an gesinn hunn dass si Paul’s Boutique Poschen eran krut hunn, wosst ech dass ech eng vun deenen wollt hunn fir mäin Outfit. Ech war och e bëssen iwwerrascht dass d’Modeller mir esou gutt gefall hunn well soss hunn ech hir Poschen ëmmer e bëssen ‘too much’ fonnt. Ech hunn mäin zweeten Outfit also sougesoot em d’Posch opgebaut. Well mir d’Fotoen Donneschdes gemaach hunn, den Daach ier ech ugefaang hunn ze schaffen, wollt ech een Outfit zesummestellen deen ech och fir op d’Aarbecht kéint undoen. Ech hunn mech deemno fir e bëssen méi eng schick Box, en einfachen T-Shirt an en wäissen Blazer entscheed. D’Fro war dunn ‘wéieng Schung?’ Am Endeffekt hunn ech mech fir meng Converse entscheed well ech ni gär overdressed riwwerkommen. Et weess een jo ni genau wat vun engem erwaard gëtt, an dowéinst entscheeden ech mech dann ëmmer léiwer fir een Mëttelwee tëschent sportlech an chic. Wéi gefält eech mäin 2t Outfit, zesummegestallt am Pallcenter?
Converse, Office Trousers, Maison Scotch T-Shirt, Vero Moda Blazer, Paul’s Boutique Bag, Céline Sunnies
Everything available at the Pallcenter Concept Store except for the sunnies and Converse (they are mine).
No Comments