Passend zum Weeder dat mir de Moment hunn, hunn ech ëmmer meng Leederjackett dobäi soudass ech preparéiert sen wann et kal gëtt oder wann et dann mol erëm reent. Super Start an de Summer hunn mer… mee ech beschwéieren mech net weider well ech hunn jo Examen an vill aneschters wéi léieren maachen ech jo souwisou net de Moment.
Mier, d’Carmen an ech, hunn des Fotoen net just fir de Blog gemaach, mee och fir een Feature am Luxuriant Magazin. Ech kann et kaum erwaarden den finalen Artikel ze leesen, deen an der 2ter Halschent vum Juni wäert eraus kommen. Mäin Outfit hunn ech ganz mengem Style no simpel an gro an schwaarz gehale. Déi méi faarweg Kleeder huelen ech dann raus wann d’Vakanz lass geet 😉
P.s ech hoffen awer soubal ech mat den Examen fäerdeg senn an heem kann dass d’Weeder dem Summer dann entsprécht.
Shop the look:
Maison Auguste Espadrilles (aal) via Pallcenter – Ähnlecher hai , Zara Gro Skinny Jeans, Rack – Ähnlechen hai & Leder Jacket – Ähnlech hai , Parfois Posch (al) – Ähnlech hai , Rosefield Auer, Céline Sonnebrëll
1 Comment
Klasse Bilder meine liebe! 🙂 Das Wetter momentan ist echt grausam….
Hoffen wir mal, dass es sich passend zum Wochenende etwas bessert!
Liebe Grüße aus Trier
Bernd – http://www.STYLEandFITNESS.de