Ier ech en en Dënschden an Californien fléien wollt ech nach e puer Looks shooten ei ech posten während ech fort sinn, mee et huet sech erausgestallt dass dat net ganz sou einfach war wei ech duecht. Éischtens, dat Weeder?!? an dann ass do ëmmer déi Saach fir een ze fannen deen Zäit huet Fotoen ze maachen wann ech och Zäit hunn. Mee en Donneschden hunn huet dunn alles geklappt an meng Schwëster an ech hunn zu Esch Sauer Fotoen gemaach.
Bei dësem Look sen d’Schung de Bleckfang. Et sinn di ganz nei Tongue Twisters fun K-Swiss an ech hunn mech extra fir dësen méi faarwegen Modell entscheet well de Recht vu mengen Sneakers wäiss sinn. Wéi den Numm et schonn seet kann een bei dësen Sneakers Zong dréinen an domat d’Ausgesinn an puer Sekonnen e bëssen änneren. Bei esou faarwegen Schung hunn ech de Recht vu mengem Outfit ganz simpel an Schwaarz gehale, mee kann mer se awer och gutt bei enger kuerzer Jeans Box virstellen mat engem wäissen Top z.B. Wéi fannt dier se? Se geheien een direkt rem 15 Joer zréck nee? 🙂
Shop the look:
K-Swiss Lozan III Tongue Twister – exklusiv bei Take-Off an der Belg, Zara Culotte Box and Top, Even&Odd Posch – fannt se hai, Casio Auer, Céline Sonnebrëll
1 Comment
WOW! Hammer Outfit und klasse kombiniert mit den ausgefallenen Sneakers meine liebe!
Liebe Grüße aus Trier
Bernd – http://www.STYLEandFITNESS.de