Magic Hour

Virun puer Wochen hat ech an der Staat RV mam Edouard, deen der vläit ënner dem Numm Arteographie besser kennt, fir puer Fotoen ze maachen an sech e bëssen kennenzeléiren. Ech hunn mer seng Aarbecht schonn eng Zäitchen ugekuckt, an well ech seng Fotoen super fannen war ech wierklech frou mat him fir de Blog kennen zesummen ze schaffen. Déi éischten Kéier iwwerhaapt dass ech…

February 15, 2016

TAKE EAT EASY

Eppes wat mir hei zu Bréissel super gefält ass, wéi an all aner Staat och, d’Méiglechkeet säin Eessen heem geliwwert ze kréien. Doheem, an mengem klengem Duerf am Norden vun Lëtzebuerg gëtt et dat nämlech net 😉 Hai huet een natierlech méi Säiten wou een online kann bestellen, mee an der Lescht hunn ech méi oft bei Take Eat Easy bestallt well ech hiren System…

February 9, 2016

Beautiful but cold

Obwuel de Schnéi an Zwëschenzäit rëm fort ass hunn ech nach mäin Outfit vun een Samschden, wat meng Schwëster an ech nach hikruuten ze shooten ier et gereent huet. Vläit hutt der jo op mengem Snapchat (@zarabina) gesinn wou ech erzielt hunn dass ech hallef erfruer sinn, well ech ënnert dem Plover schlauerweis just een Top unhat. Wat hellt een net alles an Kaf fir schéin Fotoen ze kréien (meng Jacketten hutt der schonn all x mol gesinn). Dësen Plover hunn ech an de Solden bei American Vintage ergattert. Usech hunn ech Solden net immens gär, mee an deenen méi klengen Butteker gëtt een dach awer nach heiansdo fündeg! Bei Zara an Co maachen mech Solden just nervös mat deem ganzen Chaos an deenen villen Leit déi…

January 26, 2016

Breathing in snowflakes

Dier gleeft net wéi frou ech war fir lo no den Examen heem ze kommen! Läng schonn wéint dem Schnéi!! En Wanter ouni Schnéi ass keen Wanter, an zu Bréissel kruten mer es bis elo quasi keen. Dat wäisst ass einfach den perfekten Hannergrond fir Fotoen fir de Blog ze maachen an sou hunn ech mech haut dunn och direkt mam Carmen getraff an der…

January 22, 2016

Coral

Verschiddener vun eech hunn dësen Outfit bestëmmt schonn op mengem Instagram (@imaginetheswallows) gesinn well mer en schonn virun 2 Wochen fotographéiert hunn. Lo hunn ech dann och endlech Zäit fonnt en op de Blog ze setzen! 🙂 Dier sidd bestëmmt e bëssen verwonnert mech an sou engem faarwegen Mantel ze gesinn. An ech sinn et och e bëssen. Normalerweis bleiwen ech jo éischter bei schwaarz, gro, wäiss an blo wann et em Kleeder geet. Di leschten Kéier awer wei ech am Pallcenter war an d’Carole mer deen Mantel virgeschlo huet, hunn ech en probéiert well ech duecht dass et mat…

December 20, 2015